VIVA !

VIVA!

(Serge & Tun Tonnar, Juli 2024)

1
Chille beim Pool, fille mech cool
Schalten d’Gehier aus, ass just en Tool
Famill ass do, Himmel ass blo
Playlist mam Reggae, ‘t gëtt just nach elo

Refrain
‘t ass net legal, sech sou gutt ze fillen
Mir schäissegal, ech loossen d’Hënn all billen
Vergiesse Katastrophe, denken net u Klima
Muer komm’n ech ‘rof, mee haut sinn ech eng Diva

Que viva la vida
Viva, viva la vida

2
Hunn net de Blues well liese keng News, 
D’Musek ass haart mee d’Liewen ass douce
Ka ‘lo net klo’n, muss mech net plo’n
Zëssen d’Gewëssen, loosse mech go’n

Refrain

3
An op eemol seet eng Stëmm
Gléck ass méi schéi gedeelt
An ech weess wann dat stëmmt
Dass mir dann nach eppes feelt
An dat geet mir op de Su
Ech fille mech eleng ‘lo
Mee do kënns Du
An du danz Flamenco

Ass dat legal, sech sou gutt ze fillen
Eis schäissegal, mir loossen d’Kaze billen

Refrain