ONS NEI HEEMECHT

De Serge Tonnar & de Georges Urwald interpretéieren déi nei Nationalhymn “Ons nei Heemecht”
elo op allen üblechen digitale Plattformen

Ons nei Heemecht (single)

Ons nei Heemecht
(Michel Lentz / Serge Tonnar / Jean Antoine Zinnen)

Ons HeemechtOns nei Heemecht
 
Wou d’Uelzecht durech d’Wisen zéit,Wou d’Uelzecht durech d’Wisen zéit
Duerch d’Fielsen d’Sauer brécht,Duerch d’Fielsen d’Sauer brécht
Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit,Wou d’Rief laanscht d’Musel dofteg bléit
Den Himmel Wäin ons mécht:Den Himmel Wäin ons mécht
Dat as onst Land, fir dat mer géifDat ass déi Plaz fir déi mir géif
Hei nidden alles won,Zesummen Heemecht soen
Ons Heemechtsland dat mir so déifJo dat Stéck Äerd dat mir so déif
An onsen Hierzer dron.An onsen Hierzer droen
 
An sengem donkle Bëscherkranz,A sengem donkele Bëscherkranz
Vum Fridde stëll bewaacht,Vum Fridde stëll bewaacht
Sou ouni Pronk an deire GlanzSou ouni Pronk an deiere Glanz
Gemittlech léif et laacht;D’Natur nach ëmmer laacht
Säi Vollek frou sech soë kann,Fir dass nach muer dat seet all Kand
An ‘t si keng eidel Dreem:Net just an eidelen Dreem
Wéi wunnt et sech sou heemlech dran,Gi mir gutt uecht op Floss a Land
Wéi as ‘t sou gutt doheem!Well hei si mir doheem
 
Gesank, Gesank vu Bierg an DallGesank, Gesank vu Bierg an Dall
Der Äärd, déi äis gedron;Der Äerd, déi äis gedroen
D’Léift huet en treie WidderhallD’Léift huet e staarke Widderhall
A jidder Broschts gedon;A jidder Broscht gedoen
Fir, d’Hemecht ass keng Weis ze schéin;Fir d’Mënschheet ass keng Weis ze schéin
All Wuert, dat vun er klénkt,All Wuert, dat vun er kléngt
Gräift äis an d’ Séil wéi HimmelstéinGräift äis an d’Séil wéi Himmelstéin
An d’A wéi Feier blénkt.An d’A wéi Feier blénkt
 
O Du do uewen, deen seng HandDem Frieme reeche mir eng Hand
Duerch d’Welt d’Natioune leet,Déi duerch d’Natioune geet
Behitt Du d’Lëtzebuerger LandMir deelen d’Lëtzebuerger Land
Vru friemem Joch a Leed;Zesummen an der Freed
Du hues ons all als Kanner schonMir kruten all als Kanner schonn
De fräie Geescht jo ginn,De fräie Geescht jo ginn
Looss viru blénken d’Fräiheetssonn,Loosst viru blénken d’Fräiheetssonn
Déi mir sou laang gesinn!Déi mir sou laang gesinn