DAI DAI DAI!

LAUSCHTER ERAN

Wat heescht “DAI DAI DAI !” iwwerhaapt? Ech sangen des 3 Silben a méi wéi engem Stéck, am Ufank onbewosst, bis si sech op eemol breetgemaach hunn an net méi ewechzedenke sinn. Warscheinlech hunn ech slawescht Blutt a mer, dat et mer onméiglech mécht “LA LA LA !” ze sangen, wéi all normale Mënsch. Op dësem Live-Album kënnt den “DAI DAI DAI !” dann och méi wéi eemol vir, dacks och zesumme mam stëmmfeste Publikumschouer. Et ass en akusteschen Owend, festgehalen am August 2024 am kultesche Stued Theater. 11 Stécker eleng op der Gittar, 1 um Piano. Et sinn och 2 bis dohin onverëffentlecht Lidder derbäi: “Stëmm vun der Strooss” an “Dräi mol héich”. Alles graff a gliddeg aus der Pan. “DAI DAI DAI !” eben.

1 Fäertaasch (4:09)
2 Deng Mamm (5:12)
3 Kiermes a mengem Duerf (4:23)
4 Stëmm vun der Strooss (5:11)
5 Muer ass ofgesot (5:12)
6 Dräi mol héich (4:27)
7 All d’Mënsche ginn nees Bridder (5:17)
8 Viva ! (3:52)
9 Vollekslidd (4:20)
10 Bleif nach eng Weil (3:40)
11 Den Accident ass geraumt (5:06)
12 Belsch Ploosch (6:08)

Opgeholl am August 2024 am Stued Theater
Opnam: Georges Majerus
Mix: Mike Butcher
Master: Gert Van Hoof (Cochlea)
Fotoen: Georges Urwald & Serge Tonnar
Texter & Musek vum Serge Tonnar