Jo, ech sinn e Fan vum Greta! Jo, ech fueren en SUV!

Gläich zweemol geout (Participe passé vun outen). An ech passen alt erëm a kee Lager. Weder an dat vun de Klimawandelofstreider, nach an dat vun den Oekofanatiker. Ech bereede mech also op e Schäissstuerm vun zwou Säite vir. Well de Misär ass jo, dass een nëmmen d’Stëmme vun de Radikalen héiert, déi sech bekriche mat Aussoen, Artikelen, Studien, Frechheeten a virun allem ganz vill Iwwerhieflechkeet a Besserwësserei.

Deenen enge soen ech:
Jo, ech sinn e Fan vum Greta!

All Beweegung brauch e Kapp an e Gesiicht, a wat dat jonkt Meedchen a kierzter Zäit fäerdegbruecht huet, ass bewonnerenswäert, a geet an d’Geschichtsbicher an. A mir brauchen d’Greta. Déi, déi d’Greta gär hunn, brauchen d’Greta, soss kéinte se et net gär hunn. Déi, déi d’Greta veruechten, brauchen d’Greta, soss kéinte se et net veruechte. Déi, deenen d’Greta egal ass, brauchen d’Greta, soss kéint et hinnen net egal sinn. Sou oder sou oder sou brauche mir d’Greta!

Nieft der Bewonnerung fir dem Greta säin Engagement, ass et awer och eng Bewonnerung fir seng psychesch Stäerkt. Zanter ech zu Lëtzebuerg eng bekannten ëffentlech Persoun sinn, hunn ech um eegene Leif gespiert, wéi et ass, wa Wëllfriemer ee verbal zur Sau maachen a Ligen an Ënnerstellunge verbreeden. Ma dat sinn Cacahouètten am Verglach zu der Gréisstenuerdnung vun deem wat d’Greta matmaache muss. An ech hat 40 Joer, wéi et lassgaangen ass, d’Greta war nach en Dickelchen. Den Trick ass am Kapp eng radikal Trennung tëscht der ëffentlecher an der wierklecher Persoun ze maachen: Däin Numm si just Wieder, Däi Profil ass net Deng Persoun, Deng Hater kennen Däi wierklechen Ech net. Wann e jonkt Meedchen sou eng psychologesch a spirituell Leeschtung fäerdegbréngt, kann ee just den Hutt hiewen.

An déi Houschterte gi sech net. Si wëllen deem Klengen net Recht ginn. Dofir heescht et Diskreditéieren. Firwat? Aus Näid? Aus Jalousie? Aus Angscht? Aus moralescher Iwwerhieflechkeet? Sicht Iech Äert eraus. Et ass op alle Fall onwierdeg an aarmséileg, a si geheie virun allem e schlecht Liicht op sech selwer. Déi, déi diskreditéieren, just fir ze diskreditéieren, diskreditéieren virun allem sech selwer.

Deenen anere soen ech:
Jo, ech fueren en SUV!

Dee mat Diesel geet!
Geet dat si eppes un?
Muss ech dofir direkt verurteelt ginn?
Kuckt op Ären eegenen Teller!

Wéinst mengem Beruff fueren ech zanter 30 Joer duerch d’ganzt Land, bei all Wieder, zu allen Zäiten. Oft dohi wou keen ëffentlechen Transport fiert. Meeschtens zu Zäiten, wou keen ëffentlechen Transport fiert. Ëmmer mat Instrumenter an anerem Material derbäi. Am Alter hunn ech mer dofir e Won geleescht, dee grouss genuch ass, sech sécher fiert an och nach e gewësse Confort huet. Dat hunn ech mer verdéngt, an ech loosse mer kee schlecht Gewësse maachen. Oder bal net. Just heiansdo. Den nächste gëtt vläicht elektresch. Oder mussen dofir d’Kanner an d’Kobaltminne schaffe goen? Ech weess et och net méi.

Ass en ekologescht Verhalen dann net méi wichteg wéi en ekologeschen Auto (wann et dat da sollt ginn)? Ech hunn, wéi ech virun 20 Joer en Haus gesicht hunn, dat kaaft, wat direkt bei enger Gare läit. Zanter 20 Joer fueren ech, a meng Fra, am Alldag kaum mam Auto, scho guer net an d’Stad. Ech trenne mäi Knascht, kafe regional a bio, vermeide Plastik, fuere mam Vëlo, huele kaum de Fliger… Ech bretze mech net dermat a maache keng grouss Nummer draus (OK, elo grad vläicht e bëssen). Et ass fir mech selbstverständlech, an de Respekt virun der Natur hunn ech als Jonke bei de Scoute geléiert.

Dofir, déi, déi mam Fanger op déi aner weisen, et ëmmer besser wëssen, urteelen a riichten an eng Weltënnergangsstëmmung eropbeschwieren, sinn net besser wéi déi aner, déi mam Fanger op déi eng weisen, et ëmmer besser wëssen, urteelen a riichten a blann u Wuesstem a Fortschrëtt gleewen. Well, jo, et ass e Glawen, och wa si mengen et wär Wëssenschaft. Hir Astellung geet souguer zréck op déi éischt Mënschen am Buch vun der Schëpfung:

Gott huet se geseent an huet zu hinne geschwat: Sidd fruchtbar a gitt zu méi, bevëlkert d’Äerd an ënnerwerft se iech an herrscht iwwert d’Fësch vum Mier an iwwert d’Vulle vum Himmel an iwwert all Déieren déi sech um Land réieren.

Et ass eng Illusioun, ze mengen et kéint ee sech d’Welt ënnerwerfen. Do halen ech et mam Lao Tse am Tao Te King:

Wien d’Welt wëll huelen
a veränneren
bréngt dat nimools fäerdeg

D’Welt ass eng helleg Form
déi net besser kéint sinn
Wie se verännert
dee verdierft se
Wien un hir festhält
dee verléiert se

Déi wierklech Gefor läit beim Opkomme vun enger primitiver Trennung tëscht zwee Lageren, an déi, déi fir en Engagement fir de Klima sinn, an déi, déi dergéint sinn. Déi, déi jidderee verurteelen dee mat Diesel fiert, droen dozou grad esou bäi, wéi déi, déi iwwerall eng ekologesch Verschwierung gesinn. Et ass e schmuele Gruef tëscht Idealismus a Fanatismus. Wann et ëm eis eegen Zukunft geet, missten all gescheite Leit zesumme schaffen an denken, och, oder virun allem, wa se verschidden Iwwerzeegungen hunn. Ma vläicht geet Intelligenz net duer. Nach emol den ale Bouf:

Weisheet brauch kee grousst Wëssen
Vill Wëssen ass keng Weisheet

Weisheet brauche mer. An d’Weisheet seet: Du schwätz vun der Natur. Du schwätz vum Klima. Du schwätz vun der Ëmwelt. A wéi s du sou schwätz, trenns du de Mënsch vu senger Ëmwelt. Dat ass eng Illusioun, déi s de mat denge Wieder a Konzepter, also mat denger Intelligenz erbäigefouert hues. Et gëtt de Mënsch nëmmen an der Ëmwelt. Du kanns dech net vun hir trennen. Soss muss si sech vun dir trennen.

Bild: Jean-Marie Biwer, aus TAO TE KING : BUCH VUM WEE