Lëtz Phil: Live an der Philharmonie 2

Wéini
02/06/2021
8:00 pm - 9:15 pm

Wou
Philharmonie

TICKETS
No engem Joer am Wartesall, kënnt de Serge Tonnar zréck op d’Bün. Hie war deen éischten, deen am Lockdown kënschtleresch Initiativen um Netz ugestëppelt huet, haut ass e mat un der Front fir d’Bünekonscht nees viru méi groussem Publikum z’erméiglechen. Hien huet ni Distanze kannt, a war ëmmer sou no bei de Leit, dass d’Museker dem Publikum an den Humpe geschweesst hunn. Dat geet elo (nach) net, ma vläicht fanne mer déi magesch Momenter vum Zesummesinn erëm, vläicht schätze mer elo méi wéi virdrun de Concert als e spirituelle Moment, dee liewenswichteg fir eis Kultur ass, an net e reng kommerziellen Event ouni Inhalt an ouni Konsequenz. Dem Volleksmusiker seng Lidder bleiwen eng Impfung géint geeschteg an emotional Veraarmung a maachen immun géint Intoleranz a blannt Follegen.  Hie spillt mat Museker, déi aus ganz verschidde Richtunge kommen, an déi de Kenner net onbekannt dierfte sinn. Mat hinne schafft hien och un neie Lidder, vun deenen een dat eent oder anert scho live erliewe kann.

Serge Tonnar: Gittar a Gesang
Eric Falchero: Piano
Ben Claus: Brëtellspiano
Marc Demuth: Bassgei
Dirk Kellen: Batterie

Loading Map....